Samstag, 13. Dezember 2008

Mugabe´s Zimbabwe in Times of Cholera...



Et sin traureg Meldungen, jo onfaasbar Nouvellen di Daag fir Daag aus dem Robert Mugabe senger Hell alias Simbabwe kommen.

Sait puer Wochen ass am südafrikaneschen Land d´Cholera ausgebrach. Déi schon katastrophal Situation huet also en trauregen Héichpunkt areecht. Den däitschen Spiegel Online resüméiert d´Situation matt folgenden Wieder:


"...Denn Simbabwe, eines der fruchtbarsten Länder im südlichen Afrika, ist am Ende. Nach 28 Jahren despotischer Herrschaft von Robert Mugabe, 84, ist das Land ökonomisch zugrunde gerichtet. Das öffentliche Leben ist zusammengebrochen. Es gibt keinen Strom und kein Wasser mehr, die zwei größten Krankenhäuser der Hauptstadt sind geschlossen, weil Ärzte und Krankenschwestern keinen Lohn, keine Medikamente und kein Material mehr erhielten. In Harare stapelt sich der Müll zaunhoch auf den Straßen, und aus geborstenen Abwasserrohren quillt die Jauche..."(Spiegel Online "Notstand in Simbabwe 11.12.2008)

Zu all dessen enormen Mëssstänn kennt dann elo nach d' Cholera dobai. Mëttlerweil sin méi wi 1000 Léit un der Epidemie gestuerw, an dausenden erkrankt. MSF mellt dass d Grozuel wahrscheinlech awer sech em di 5000 Doudeger situéieren waert well et am ganzen Land quasi keng funktionnéierend Klinik méi gëtt an d'Leit quasi op der Stroos ewegstierwen.
D'Cholera, di haptsächlech op schlecht an dréckegt Drénkwaaser zereckzeféieren ass eng schlëmm Infektiounskrankheet di besonnëg an 3.Weltlänner eng Létalitéit vun ronn 70% kann hun. (Brockhaus Lexikon)
Et ass also keen Geheimnis dass een den Ausbroch dem katastrophalen sanitären Zoustand am Simbabwe zereckzeféieren ass - an soumatt och direkt d'Schold vun der Mugabe-Mafia ass, di léiwer sech an Konfliktdiamenten welzt wéi sech em hier léidend Populatioun ze këmmeren.
Den Mugabe an sain Informatiounsminister hun awa eng logesch Erklärung vir d' Cholera Epidemie: Et sin déi vun den Ex-Kolonialherren geplanzten Anthrax- an Choleraplanzen(!) di elo an der Bléih sin an d' Land vergëfften.
D' Perversioun vum Mugabeschen System gouf haut namol kloer... no enger Pressekonferenz zu Harare der Haptstadt vum Simbabwe vun der Organisatioun Oxfam di vun 60'ooo Erkrankungen schwetzt deelt den Mugabe ouni Heel matt: "D'Cholera am Simbabwe ass eriwwer."

Keine Kommentare:

Kommentar veröffentlichen

Related Posts Plugin for WordPress, Blogger...