Montag, 22. Dezember 2008

Remember Ariel Sharon ?

Virun kuerzem hun ech mer enker "out-of-the-blue" d' Fro gestallt wat eigentlech mam Ariel Sharon geschidd ass.
Bekanntlecherweis haat hien jo puer Härzattacken am Januar 2006, an ass duerno an e Koma gefall. Mee sait deem ass relativ wéineg naies iwwert sain Zoustand méi unt d' Effentlechkeet komm. Och op der englecher Seit vum israeleschen "Haaretz" (di gréissten Daageszeitung aus Israel) ass wéineg naies iwwert dem Generol an ex-P.M Sharon ze fannen. (Dat eenzegt wat een su am Internet vun him fënnt sin Hamas an aaner islamisteg Karikaturen di hien an séngem Koma duerstëllen.)

Alles wat ech rausfonnt hun ass dass hien nach emmer an engem Koma lait, an virun sëch hin vegetéiert an engem iwwerwaachten Raum an engem Pflegeheim. Séng Doktoren méngen hien wier duerch séng vill Schlagattacken schwéier beschiedegt an en huet eng quasi kéng Chance sech rëm ze erhuelen!

Den Sharon ass also trotz séngem (politeschen) Poids relativ schnell an Vergiessenheet gerooden. Obwuel ech wéineg Sympathie fir hien hun besonnëg winst sengem "Net-Handelen" respektiv Matschold un den Massakeren vun Saba an Shatila fannen ech et awer iergendwéi komësch wat mat him geschidd ass. Am Januar gin et also 3 Joer datt hien an engem Koma lait an hien wäert och nëmmi draus erwäschen...

Keine Kommentare:

Kommentar veröffentlichen

Related Posts Plugin for WordPress, Blogger...