Samstag, 28. Februar 2009

Only The Good Die Young!

Zum 85. vum Robert Mugabe:
Nach emmer un der Muecht trotz Chomagetaux vun 80%, Hongersnout, nach emmer Choleraepidemie, tagdächlech 80-100 nai Choleradoudeger, vun der Hexenjuegd op Oppositioneller, Schwuler, ethesch, a reliéis Minoritéiten oder Aidskranker(eng Gottesstroof) guer net ze schwetzen. Alles Guddes dem Robert Mugabe zum Gebuertsdag. Do kann een nemmen hoffen dass hien glaich sain Onwiesen 2 Meter méi déiw weiderdreiwwt.

6 Kommentare:

  1. Tjo den R. Mugabe do, den gett einfach gewärden gelooss, aus dem simplen Grond well aaner Machenschaften keen Interessi un engem Simbawbe hun, an daat ass eigentlech daat perverst drun. Do gett et keen Kapital mei aus dem Land ze schloen wou Inflation an schwindelerregend onendlech Héichten ukomm ass. D'Drocken Loossen vun 200.000 $ Schéiner schwätzt fir sech...

    Dofir bléiwt och all international Hellef aus, well sech keen Fangeren well verbrennen.

    P.S. Deng Bemierkung dass du engem aneren Mensch den Doud wenschs fannen ech dernierft.

    AntwortenLöschen
  2. Ech well just zum Eiswierfel bemierken: ech fannen et net derniewt, engem aneren Mensch den Doud ze wenschen wann desen Mensch een vun denen greissten Märder an Tyrannen an der Geschicht vu sengem Land as. Oder soll een lo o nach en Gebot erfannen "Du solls keng Tyrannen stierzen"?

    AntwortenLöschen
  3. ech hoffen ledeglech dass deen Onmensch gleich weg vom Fenster ass... an dozou stin ech.

    AntwortenLöschen
  4. Ech fannen et net verwerflech, engem wéi dem Mugabe den Doud ze wenschen. Meng éierlech Emotionen leit wéi him géigeniwwer tendéieren och staark an déi Richtung. Wisou sollt ee net dozou stoen? Dat ass jo net gläichzesetzen mat 'fir Doudesstrof sin'.

    Besser wir et natiirlech, e géif nach e puer Joer am Prisong setzen, sou dass en iwwert seng Schandtaten nodenke kéint.

    AntwortenLöschen
  5. Natierlech ass derfunn auszegoen, dass wann een an sou engem onstabilen Land wou Mord an Korruption regéiert, gestierzt gett wahrscheinlech werd ermordt gin.
    Vill besser wier et awer een méiglescht lieweg op den Den Haag auszelieweren, sou dass een do verurtdeelt ka gin, an duerno just Wasser an Broud...
    Souguer wann den Tyrann doud ass, an den Käpp vun den Léit liewt den Ongëscht leider weider...sou wei Geschicht et emmer nees bewiesen huet.

    AntwortenLöschen
  6. Vum Notzen oder Onnotzen vun engem doudegen Diktator kann een jo duerchaus och schwätzen - mee de gewaltvollen Stuerz an déi uschléissend Ermuerdung vun him, bzw. daat herbäizewenschen, sollt een dofir kengeswegs als "verwerflech" duerstellen.

    AntwortenLöschen

Related Posts Plugin for WordPress, Blogger...