Samstag, 28. Februar 2009

Wisou a Russland Héngerdéif Prison kréien an Politkowskaja Mäerder net:

A Russland setzen vill Lait am Prison. Ronn 3% vun der Bevölkerung. Wisou: Een Argument ass dass di gudd aal Léier vun der Zarenzait "e Klauert gehéiert an den Prisong". Di aaner, ass en katastrophalt an ontransparent Justizsystem: Sou setzt eng Fra aus Zentralrussland sait 2 Joer am Prisong well sie eng Vase vun enger Nopesch gejickt huet, oder en Mann fir 2 Joer well en bei engem Bauer en Hong geklaut huet.

Den russeschen Präsident Dimitrij Medwedew huet ugekennegt dass hien giff den russegen Justizsystem renovéieren an reforméieren: Dësst ass och batter néideg.
Währenddeem Lait wéinst geklauten Vasen an gestuelenen Poulet'en am Bing setzen, gin di présuméiert Matschelleger vum Muerd un der Anna Politkowskaja fraigesprach. Bei aaneren "politesch-motivéierten" Morduschléi kënnt et mol guer net zu engem Prozess: Bai den kierzlech ermuedeten Menschentechtsaktivisten Stas' Markelov an Nastiya Baburova warden d' Famillen nach emmer op eng Policenquête.
Zukünfteg sollen also "kléng Lait" sech kennen aus dem Prison fraikaafen. Dh. ons Vasenjickerin an onsen Héngerdéif kéinten dësst beundrohen. Fir den Moskowiter Beau-Monde gëllt dësst scho lang: Den Jong vum russegen Innenminister Ivanov hat am Joer 2004 matt enger Hummerjeep eng 80-joer aal Bomchen op engem Foussgänger iwwerrannt. Och hien huet nie missen en Gerichtsall vun bannen gesin...

2 Kommentare:

  1. De Medwedew kennegt vill un. Daat man se all - schlussendlech wellen se awer all den autoritären an wahlbetrügereschen System erhaalen. Siehe nemmen dem Medwedew säin Strippenzieher, den Waldemar (jo, hun den Numm verdäitscht ;)) Putain.

    AntwortenLöschen
  2. Waldemar Putain... deen klengt gudd Sven !

    :D

    AntwortenLöschen

Related Posts Plugin for WordPress, Blogger...