Donnerstag, 5. März 2009

Op Majestätsbeleidegung follëgt Zensur !














Gëll, desst Bild ass grausam, fiechterlech en Affront fir ons virun puer Joer nach vu Gott legitiméiert Monarchenfamill ?

Genau dat selwescht duercht sech den Alfons Berns, Letzebuerger Embassadeur zu Bréissel deen desst Bild vun engem Letzebuerger Kenschtler, dem Steve Jakobs op enger Bréisseler Austellung vun Letzebuerger Kenschtler zenséieren geloss huet. Dësst Bild zesummen matt engem aaneren Bild wu ledglech op waissem Hannergrond matt schwarzer Schrefft "The Marie Adelaide Complex"steet. Ech fannen dësst esou erbärmlecht . Wann ma schon Konschtwierker zenséieren gin an ons domatt am Ausland als kléngkarréiert Bauerenvollek duerstellen wat sou vernarrt ass an séng Monarchie datt ma et mol net erlaben wann een hinnen Mickey-Mouse Oueren opsetzt. Schlëmm an lamentabel. 

Ech si gespaant op dem Felix Braz seng Question Parlementaire un den Minister Asselborn wat dobai rauskennt! Et bleifft natierlech iwwerhapt d Fro ze klären op den Embassadeur zu Bréissel net sain Pouvoir abuséiert andeems en Konschtwierker zenséieren léisst ? 

méi Infos enner:
http://kultur.rtl.lu/kulturpur/news/15164.html

13 Kommentare:

  1. Oh Mamm, wéi klengkaréiert si mer dann rem ... ? Als ëffentlech Persounen muss een sou eppes dach aushalen. Ass dach harmlos.

    En plus stëmmt et. Eng Micky-Maus-Monarchie. Obwuel Gromperemonarchie et nach ëmmer besser trëfft.

    AntwortenLöschen
  2. :D micky maus monarchie klengt toll grommel ^^

    AntwortenLöschen
  3. omg, ech sin den owend an der ugeschwaater embassade, an der rp letzebuerg machen ech grad zu BXL een stage. ech fanen et schlecht dass daat sou politiséiert get an denken das et halt eng riesen pub ass fier den kenschtler. muss een awer soen dass et net 1 persoun hier entscheedung war. aussdem hun di leit dei hei schaffen (baal all), missen 'fidélité au grand duc' schwieren. ofgesin dovun hänkt een keen bild vun sengem chef an der persoun di eist land, an dei een dan och representeiert, op wou ddei persoun dann sou trivialiseiert gett. et ass lächerlech an dach sou glaskloer dass een soueppes net an enger embassade ophänkt. du hänkst der jo och keng soueng foto vun dem chef vun der grneger partei an dain bureau oder? oder als arbeschter hänkst de kee bild vun dengem chef, op der aarbeschtsplaaz, op wou deen zuer sau gemach get. hei ass keng saach vun politik oder 'zensur' mee et geet drem en verspriechen daat een gemach huet anzehaalen an sech keen lach an d'eegent bot ze bueren. merci fier d'liesen. Marc R.

    AntwortenLöschen
  4. Et ass jo kee Porträt, mee Konscht. Ech mengen wann et am Kader vun enger Konschtausstellung wier, da géif an der Grénger Fraktioun secherlech kee Bild vum 'Chef' zenséiert ginn.

    En plus fannen ech, dass d'Oueren hinne gutt stinn! :-)

    AntwortenLöschen
  5. Net alles wat eng staatlech oder reliéis Autoriteit lächerlech mecht, ass dofir alleng schon kënschtleresch wertvoll.
    Ech fannen dat do Bild z.B. weder schockéirend nach frech. Et ass just doof. Ech géif mer et och net doheem ophänken.

    AntwortenLöschen
  6. wu bai eeen muss soen dass en "schwur" net grad eppes ass waat een sollt ze eescht huelen - mengen ma sin jo net méih am nationalstaatalter - ech hun als beamten och usech en schwur op de g.d gemach mee dat heescht net dass wann hien giff zu ma soen sprang vrun der breck datt ech dat giff man ...

    mee ech mengen lo huet d embassade sech bessi selwer ant d fleesch geschnidden well se esou dat reicht wieklech bekannt gemeet hun ? soss waer dat jo am sand verlaaf... zensur an engem demokrateschen staat ass natierlech emmer eppes matt ganzem batteren gout ...
    schéi gréiss

    AntwortenLöschen
  7. et geet net drem eng bréck roof ze sprangen oder em ouren oder ob et den 'chef' ass oder een president deen representéiert (lol). de punkt ass dass een public, als vertrieder vum grand duc, wann een en plus een eed drop geschwuer huet, keen bild oder konschwierk am eegenen haus ophänken muss. den embassadeur hätt dat jo vlaicht kennen, mee et ass sain gut recht ze soen, neen, et ass net main geschmack oder onpassend oder wat och emmer. muss een sech fier dei entscheedung rechtfertegen? ass deen choix zensur? ass et net vill méi ongerecht sain choix als eng sach duerzestllen déi net erlaabt ass? zensur ass nemmen zensur, wann et verbueden ass de grand duc sou duer ze stellen, waat net de fall ass. Muss Dier Iech rechtfertëgen wann der een richard tuff amplaaz vun engem van gogh ophänkt? vielleicht bei der frendin oder fra, mee net bei iergentwellechen medien, och wann hien och d'land letzebuerg representéiert, heescht daat net dass hien net entscheeden kann waat an senger hinsicht passend ass fier den vernissage. This is (not) (f)art war awer och cool... naja interesseiert just keen :-). di éischten kéier dass ech deen blog hei kucken, duerch facebook erkannt mengen ech. well ech haut do war huet et mech just interesseiert. sin lo keen mensch deen sou op pro staat oder regierung tickt, mee ech fannen dass een sech net rechtfertegen muss wann een eppes am gudden recht mecht. Marc R.

    AntwortenLöschen
  8. Ech wees net op et wierklech zensur ass wann den Ambassadeur ee Bild net well a senger Ambassade austellen...

    Ee Gallerist sicht dach och dei Biller aus déi heen austelle well, an das dach och keng Zensur!?

    AntwortenLöschen
  9. et ass zensur well en et him verbueden huet an den embassadeur huet den artist iwwer tel. harceleiert bis speid ant d nuecht eran di biller ze entfernen^^

    AntwortenLöschen
  10. Ech kann et einfach net als zensur ugesinn, well se deem Mann jo net allgemeng verbidden seng Biller ze weisen, mee just dei doen op daer plaaz.

    Ech gesin iergendwei ee Recht vun der Ambassade nemmen ausstellen ze brauchen waat si wellen. Du erlaabs de ADR jo secher och net Wahlplakater un deng Hausmauer ze hänken?

    AntwortenLöschen
  11. dat ass eng aaner saach ^^

    nee Zensur ass wanns de op enger Ausstellung sees dier daerft alles mee dat doten ah nee dat geet geint ons monarchie etc - fir mech ass et e fall vun zensur - och kniffleg well embassade ass letzebuerger "buedem" an do gellen letzebuerger regelen an do kann usech keen eppes su einfach verbueden...dat ass bessi monarchisteg selwer vum embassadeur

    AntwortenLöschen
  12. also mir gefaalen di biller gudd :D

    AntwortenLöschen
  13. A wéiengem Punkt ass dann dADR plakat bai dir virun der Dier eng anersaach wei dMickey Maus, baim Ambassadeur an der Ambassade?

    AntwortenLöschen

Related Posts Plugin for WordPress, Blogger...