Donnerstag, 23. Juli 2009

Xenophobie & Rumanophobie bei der Police Grand-Ducale ?










(Big Car - Small Brains ?)

Laut der Letzebuerger Menschenrechtsliga (LDH) koum et am Police Buro Hamilius zu engem schlëmmen Tëschefall. E Polizeibeamten hätt do d' Carte d' Identité vun enger rumänescher Fra zerschnidden. Den Virfall gouf vum Procureur Général Robert Biewer confirmeiert mee "dass d’Enquête erginn hätt, dass et sech an deem Fall ëm eng bedauerlech, awer mënschlech Maladresse handelt, déi keng Suitë géif no sech zéien. RTL.LU)"

Wat fir den Procueur an secherlech fir d Police als eng menschlech Maladresse gëlt, ass eng vun den gravsten Verletzungen vun Internationalem Recht di et gëtt. Keen ass dozou befugt eng Identitéitskart ze zerschnëppelen oder en Pass anzezéihen schoguernet wann et sech em eng Persoun am Ausland handelt.

Dëssen Fall, arënnert mech nach un 2 aaner Tëschefäll wu rumänesch Ressortissant'en wéi Dréck vun der Police Grand-Ducale behandelt gouffen:

1). Virun 2 Joër war enger Police Patroulle an der Nuecht am Süden vum Land en Auto matt rumäneschen Placken opgefall. Ons uniforméiert Supermenschen hun dun och direkt d Verfolgung opgeholl vun deem Auto... et wees een jo nie, Nuecht, en Rumän, dat kann nëmmen Ierger gin. No ronn 20km Pirsch, huet schliesslech den Chauffeur vum rumäneschen Auto sech virun engem Haus geparkt, an ass rausgeklomm an huet sech Richtung Hausdir begin. An deem Moment sin bei onsen Starsky&Hutch Superstars d Nerven duerchgebrannt, sie waren sech sëcher, deen doten wëll abriechen, an sie sin aus dem Auto gesprong an hun de Mann festgeholl. Wi sech spéider erausgestallt huet wollt den Mann just bei sech heem ant d' Bett. (de Fall gouff vum Tageblatt opgedeckt, an war dono och medial präsent)

2). Dëssen Fall ass engem Bekannten vun mir geschidd, deen zwar mëttlerweilen Lëtzebuerger ass, mee och enker matt rumäneschen Placken um Auto an onsem toleranten an schéinen Ländchen ennerwee war. Och bei him war et moies fréih, 4 Auer, hien huet schliesslech missten opt d Schaff, sain Zeitungsbutték opmaachen. Um Iergäertchen gouff hien matt bloer Luut begréisst an opt d Sait geruff. No der frëndlecher Begréissung(IHRE PAPIERE!) vum Mann iwwert, pardon vum Gesetz, gouff hien ausgefrot wisou hien sech giff zu sou enger Auerzait mam Auto bewegen, an op hien dann secher waer op hien naischt "geklautes dobaihätt".


Dëss 3 Tëschenfäll hun mech op folgend Iddi bruecht:

ROMANIA FOR DUMMIES:

Léif Police Grand Ducale, Léifen Parquet:

Rumänien ass en Land an Südost Europa an grenzt un Bulgarien, Moldawien, Serbien, Montenegro, Ukraine an Ungarn. Donaubecken an Rumänien ass eng vun den eelsten bewunnten Géigenden an Europa, dat suguer laang virun der Arrivée vun de Griechen a Réimer. Bekannt ass Rumänien duerch seng geographeg Vielfalt: Bierger(Karpaten), d' Schwarzt Mier, oder och d' Steppen, den Dracula Geschichten an Transylvanien, der Partnerstadt vun Letzebuerg 2007 Sibiu (Herrmannstadt). Falls der et nët wësst ass Rumänien Member vun der Europäescher Unioun, an dat seit Januar 2007.

Sources:
http://news.rtl.lu/news/national/31861.html

5 Kommentare:

  1. Alles Rassissten di Flicken!!! keint mech sou opreegen!

    AntwortenLöschen
  2. Dat do ass zwar immens hefteg. Däin Romania for dummies gefällt mer dann do, keng schlecht Idee. ;)
    Ob lo all Flique Rassist ass, woën ech ze bezweifelen, mä do sinn schon koomescher dobäi, stëmmt.

    AntwortenLöschen
  3. jo gin der recht claude, an den mme/mr anonym kann ech nemmen soen dass dat secherlech net op all polizistIn gellt mee secherlech et awa weist dass et problemer an der ausbildung vun der police gett

    AntwortenLöschen
  4. rem en Armutszeugniss vun eisen *Freund & Helfer*...

    an dass do den Procureur General esou reageiert... sou eppes misst dach Konsequenzen hun!

    AntwortenLöschen

Related Posts Plugin for WordPress, Blogger...