Samstag, 26. Dezember 2009

COP15: The BLAME-GAME

Copenhagen ass riwwer, wéi geht et wéider? Déi Fro stéllen sech momentan enorm vill Lait. Wat sécherlech den falschen Wee ass, ass déi Géigensaiteg Scholdzouwéisung déi momentan statt fënnt. No dem relativ dämlechen Artiklel vum Mark Lynas am Guardian mam Titel "How do I know China wrecked the Copenhagen Deal? I was in the room", ass eng hëllen Wull vun Artikelen opgetaucht wu eng Natioun daer aanerer d Schold zouwéist. De Mark Lynas, Emweltberoder vun der Maledivescher Regierung awa och ancient Öko-Aktivist beschreiwwt an sengem Artikel den Roll vun China bei den Verhandlungen. Kuerz: Blockage vun allem, matt tréien "puppet-states" wi den Sudan.

Léider ass déi Approche vum Mark Lynas, a villen aaneren "Experten" wi dem daitschen Emweltminister Röttgen(deen elo zum Stuerm op China&USA bléisst) menger meenung no di falsch: Nët nëmmen China ass verantwortlesch fir d' Scheiteren vun der Klimakonferenz mee all Delegatioun: Fir der puer opzelëschten:
- U.S.A : Matt engem sëlwer ernannten Klimaretter-President, deen fir puer Stonnen op Copenhagen reest, matt eidelen Hänn, a kénger Visioun am Gepäck. (wat an Amerika him awa heich ugerechend gëtt dass et ënner him zu kéngem Deal koum - schlussendlech hat en jo innenpolitesch e wichtegen Dossier dëss Woch am Senat duerchzeboxen)
- E.U : Fir hier katastrophal intern Stréidereien di hinnen et net erlabt huet eng Virreiderroll an den Verhandlungen ze spillen wéi zu Kyoto. Dank Stréidereien soutz d' EU um Katzendësch wi den Obama matt China, Indien an Brasilien verhandelt huet.
- An der EU: Lëtzebuerg, een vun den Béngelen an der Speechel vun der europäescher Klimapolitik huet zesummen matt Polen an Zypern enorm vill gebremst. Lëtzebuerg huet zaitweis firgeschlon d Zieler vun 30% bis 2020 erofzesetzen op 22% (!) Och awa Déitschland a Frankreich di ëmmer erem verschidden Saachen an Zieler behaapt hun, suergten sou fir Verwirrung an dozou dass keen mi d'EU als Partner seriö geholl huet.

All deelhuelend Natioun an Delegatioun muss sech endlech bewosst sin dass kléng karréiert a Schutz huelen vun nationalen Interessen ons och net zu Mexiko 2010 waert wéiderbréngen! Klimaschutz ass naischt aaneres wi Emwelt, Sozial, Arbeschts an Industriepolitik vum 21. Jorhonnert. Déi Variabel ze ignoréieren ass fatal...

Pflichtvideo fir all déi Léit di Copenhagen schéiteren geloos hun:


Links:
http://www.guardian.co.uk/environment/2009/dec/22/copenhagen-climate-change-mark-lynashttp://news.yahoo.com/s/nm/20091224/india_nm/india449579
http://www.spiegel.de/wissenschaft/mensch/0,1518,668999,00.html

3 Kommentare:

  1. we need more pressure on the "men & women in suits" !!!

    AntwortenLöschen
  2. Schocky, du sees deck oft Lëtzebuerg haett mega verpennt! wu kann een dat genee nolierse?

    AntwortenLöschen

Related Posts Plugin for WordPress, Blogger...