Donnerstag, 17. Dezember 2009

COP15: FLOPenhagen

(Foto gemach am Nuetszuch op Kopenhagen, den Sonnenopgang am Däneschen Watt')

Zeréck vun Copenhagen oder soll ech soen FLOPenhagen,,,Obwuel ech menger Lierwen en enorm optimistegen Mënsch sin maachen ech mach Gedanken iwwer follgend Devloppementer:

- Den Cleavage teschend den Armen an den räischen Länner gëtt ëmmer mi grouss op COP15. Während di ärmsten Länner méi Hëllef vun den Groussmuechten verlaangen an méih Ënnerstëtzung besonneg a Form vun Geld, schéngen di räisch Industrienatiounen dat wéineg ze beandrocken. Vun Merkels, iwwer Sarkozys an Browns, keen schéngt wieklech den Eescht vun der Situatioun ze erkennen oder wëllen ze erkennen. Obwuel sëch China wëll momentan als di grouss Verfechter vun den armen Schwellenlänner duerstellen sollt een nët zefill op dëss Positioun gin. Dat Heuchlerecht "ant-d-vitirne" stellen vun der chinesescher Delegatioun soll just vun den réellen Problemer oofléisen, an och den Fait verstoppen dass China bis elo weineg bis guer keen Input zu Copenhagen bruecht huet.

- Faktor Amerika: Oft gouff behaapt un Amerika giff et nët laien dëss Kéier, (nodeems de Bush Senior 1992 zu Rio a last-minute den Text verforw an entschärft huet, an den Amerikaneschen Senat den Kyoto Text verworfen huet). Op deem wierklech sou ass wees ech net... d' Elizabeth May, Porte-Parole vun den Canadian Greens sot "Obama might not be Bush, but America is still America". Deen Satz ass méih wi je wouer, obwuel d US Administratioun mam Emwelt- an Energieminister Steven Chu een vun den weltweilt acclaméiersten Klimafuerscher(Nobelpreisträger) an och nach emmer d Galliounsfiguer Obama an hieren Reihen huet, schéngt d' U.S Delegatioun awer ëmmer méi Waaser wëllen an den Wain ze schëdden. Obwuel gudd Usätz aus den U.S.A kommen an sëcherlech d USA och nach emmer technologesch wait matt vir sin am Kampf géint den Klimawandel, mierkt een dass d' U.S.A ëmmer méih op China an di aaner grouss Länner wie z.B Russland(di nach guer naischt bruecht hun zu COP15) kucken. D'USA mecht hier Klimapolitik och ëmmer méih vun China oofhängeg, ze grouss ass d Angscht virum Groussen Draach wuel. Dësst gëtt dann och ëmsouméi kloer wann een dësser Deeg dem Al Gore nolauschtert deen ëmmer méih oft widderhëllt(an sech dobai op US-Regierungskreeser berufft) dass et zu COP15 nët wert zu engem "legally binding contract" also engem aklobaren rechtleg-gëlltenden Vertrag giff kommen.

- EU: An der E.U gin et och Léit di bremsen. Puer vun deenen sin ons och gudd bekannt: Lëtzebuerg. Soumadder beaflosst Lëtzebuerg di schon nët ambitiéis EU-Zieler, déi Soumadder nach wéider verwässert kéinten gin. Obwuel Klimawandel jo Chefsaach ass, an mir onsen Oberkommanchen JCJ op Kopenhagen schécken, spillt sëch hannert den Kulissen awa eppes aaneres oof: Lëtzebuerg Polen an och Zypern probéieren Reduktiounszieler vun 30% bis 2020 wéier no ënnen ze reviséieren an och den Zertifikatshandel beizebehaalen... Also nach manner en Grond stolz ze sin...

> Allen an Allem fehlen am Moment nach vill Puzzlestécker fir kënnen ze soen wat di nächst 24-36 Stonnen zu Kopenhagen rauskënnt. Obwuel et och duerchaus positiv Signaler beim COP15 gin (ob déi ech waert an engem vun den nächsten Blogposts agoen, soll een wéiderhin den Drock enorm héich haalen an grad elo wéiderhin ëmmer ërem onsen Dommen klipp-a-kloer bäibréngen: CLIMATE IS NOT NEGOTIABLE! ACT NOW !

Link:
Interessanten Wort.lu Artikel:
Trotz Spillecher hannert den Kulissen, an den meeschten Delegatiounen di pessimisteg sin, bleiwen d' Gespann Juncker an Schanck relaxed! Puer Grad méih um Stau waeren jo flott! an do giff sech den Tourismusminister bestëmmt frehen!
http://www.wort.lu/wort/web/europa_und_welt/artikel/63238/es-gibt-noch-hoffnung-fuer-ein-klimaabkommen.php

Keine Kommentare:

Kommentar veröffentlichen

Related Posts Plugin for WordPress, Blogger...