Mittwoch, 13. Januar 2010

Wéi d' Xenophobie sech an de Mainstream schléicht...

Hautzudags, besonneg an Zaiten vun Krise fénkt et jo schon rëm un schick ze gin wann een e bëssi op Auslänner klappt... Dat kridd een meeschtens och nach iergendwéi verzéiht an deem een seet "Ech sin jo keen Rassisst mee..."
Di schléichend Xenophobie ass och béi ons zum Mainstream gin... dat bëschten Beispill fannen ech dëssen flotten Ausschnëtt aus der RTL Sendung "Wanns de ëppes kanns":



an deem Sënn, groussen Bravo un den RTHELL dësst effektiv op Sendung ze bréngen... En gemeinsamt Feindbild ze hun huet na nie geschued, besonneg a schlechten Zaiten... dovunn kënnen äer Grousselteren ierch en Liddchen sangen...

Dofir meng Empfehlung: Den RTHELL sollt sech mol seriö Gedanken maachen wat en do op Sendung sëtzt, an den Country Sänger Mertens soll di nächst Songs op Franséich sangen... Méi domm gouff nach nie een vun enger Friemer Sproch, och keen Lëtzebuerger.

7 Kommentare:

  1. Dir sidd e bëssi spéit un, well dat Lidd ass vum leschten Joer:

    http://www.youmake.tv/video?id=12270

    AntwortenLöschen
  2. Dierf ech dann elo net kommentéieren well mäin éischte Gedanken, "well, at least the melody's quite catchy" wor? Oder dierf ech dat schreiwen wann ech et op lëtzebuergesch iwwersetzen?

    Ech gesinn et duerchaus an, dass ee sollt stolz op seng Sprooch sinn. An dass esou eppes ganz gudd kann funktionéieren gesinn ech zanter Joeren hei a Wales, wou iwwerall alles op wallisesch an dann drënner nach eng Kéier op Englesch steet (an och net emmer). Mä en hätt dat Thema och duerchaus manner xenophobesch kéinnten ugoen.

    Ech muss allerdéngs zouginn, dass et mech och nervt vum Bäcker vernannt ze ginn wann ech soen "nonante cents" an dann kënnt als Änwert "en France on dit quatre-vingt cents!" An dann kënnt duerchaus een frechen Kommentar op lëtzebuergesch zeréck. Mä et muss een dofir jo net direkt mam Hummer eralafen. Emmer virdéischt emol frëndlech bleiwen an déi aner als éischt frech gi loossen. :)

    AntwortenLöschen
  3. "quatre-vingt DIX" Boah, do gesäit een och emol ewéi gudd mäi Franséisch 5 Joer no onser A1 nach ass… Ech vermëssen d'Mme Zeimes. :D

    AntwortenLöschen
  4. Daat waats Du virschleis ass Zensur wei an enger Diktatur.

    An Du bass den Diktator deen decideiert waat Xenophobie ass an waat net.

    Congratulatioun!

    AntwortenLöschen
  5. @ Anonym:

    Wanns de su en groussartegen Demokrat bass dann weis ons dain Numm an sieff net su féig...

    den schocky als diktator ze nënne...geet et matt der Stiffchen uewen? denk mol virum tippen bessi no, du setz dech dach selwer an den dreck...

    AntwortenLöschen
  6. @ Anonym

    wéi giffs du dech fillen wann beim Daitschen DSDS en Daitschen giff sou iwwert dain stolzt kléngt Ländchen giff beflécken... dann waer d Welt ze kléng...

    AntwortenLöschen
  7. @Thierry: waat soll "stolz op séng Sprooch" heeschen? Daat ass esou wéi "stolz op säin Land". Daat ass eng Ausso ouni Inhalt. Et kann een stolz sin op eng Leeschtung déi een opweist, mee d'lëtzebuerger Sprooch ass näicht waat ech oder du produzéiert hun also kennen mer net stolz drop sin.

    AntwortenLöschen

Related Posts Plugin for WordPress, Blogger...