Sonntag, 31. Oktober 2010

Den Här Hellinghausen & déi béis Fraen!

Här Hellinghausen,
Matt groussem Erstaunen hun ech äer Carte Blanche op RTL vum 29.10.2010 geliers:

Lo mol ganz ënnert eis Männer, déi Fraen sin schon eng Plo! Dann gehait dat verhouert Eve ons aus dem Paradäis, an dann wëllen déi Fraen och nach selwer iwwert hieren Kierper bestëmmen. Dat ass jo fuerchtbar, waat geet déi un? Mir haetten dach sou en schéint Lierwen gehaat, matt där flotter Relioun, vun Männer fir Männer et keint jo alles su schéin sin ouni déi lästeg Fraen.

Här Hellinghausen, elo mol den satireschen Deel bai Sait, äer Äusserungen arenneren mech vum Format un typesch homophob oder xenophobe Tiraden. Als eischt behaapt een mol "Ech sin jo keen Rassist" an dann kennt awer en groussen "mais di bei Lait aus West-XY sin Drogendealer an Näischtnotzen". Laut den meeschten Anti-Rassisteschen Referater an Organisatiounen sin dat rassistesch/xenophob Äusserungen.

"Ech hun jo naischt geint Schwuler mee se sollten dat gefällegst doheem an hieren 4 Wänn maachen an keen nerven". Dat sin laut dem IDAHO-Committee (dem internationalen Anti-Homophobie-Comité) homophob Äusserungen.

Genau sou funktionnéiert dir och wann et em d' Fraen geht, an dofir sin äer Aussoen absolut fraenverächtend a fraenfeindlech! Dir behaapt am Uffank scheinhëlleg a gidd ierch modern:
"Selbstbestëmmung vun der Fra – total averstan! Ech soen dat mat allergréisstem Respekt viru Frae, besonnesch deenen an Détresse" an dann direkt dono "awer wie vertrëtt d’Selbstbestëmmung vun den ongebuerene Kanner (iwwregens och 50 % Fraen, kleng Fraen, deenen awer hiert Selbstbestëmmungsrecht carrément oferkannt gëtt). Wou ass de Kollektiv „Si je veux – vivre: fIr d’Selbstbestëmmungsrecht vum ongebuerene Kand“, dat liewe wëllt?"

oder speider nachmol den gleichen Schema:
"Datt eng Fra iwwert hire Bauch verfügt, ok! Datt se awer dee klenge Mënsch, deen se am Bauch ënnert hirem Häerz dréit an dee spontan no Liewen aspiréiert, soll kënnen eliminéieren, wéi soll dat aliichten? "

A genau hai bei dësem Deel kann een sou gudd tëschend den Zeilen liersen wéi dir tickt: Eng Fra "se" wei dir se nënnt huet jo naischt besseres ze din wéi "Lierwen" ze "eliminéieren". Dir stëmpelt d Fraen als Hobbymäerderinnen oof, dei an hierer Fräizait aus purem Vergnügen e Kräizzuch géint hieren Bauch ze féieren.

Här Hellinghausen? Ass dat äerem Eescht? Denkt dir am 21. Jorhonnert wierklech esou. Ech schloën ierch eppes fir: Këmmert ierch wann ech gliwwt em äer eegen Ugeleegenheeten. Wann dir wëllt Politik maachen dann hänkt äer Berufung op den Nool an engagéiert ierch politesch. Probéiert awer net aus reliéisen oder weltanschauleschen Grënn, Fraen dei ongewollt an hieren schwieregsten Stonnen, Deeg an Meint sin, duerch äer dogmatesch Schäiklappen ze beaflossen. Haalt ierch w.e.g un Gesetzer, och wann déi äerer Clique nët gefaalen. A wat heescht hai: "Dass den Avortement – egal a watfir engem Mooss – stroffräi soll sinn, entbënnt déi concernéiert net vum moralesche Standpunkt" ? Ech mengen dass den historeschen Palmarès vun äerem Clibbchen ierch keen Recht gëtt en Monopol iwwert Moral an Ethik ze hun, besonnëg wann een 2000 Joer laang d' Fra sou behandelt huet als wäer se en schlecht Hausdéier.

Link:
http://news.rtl.lu/commentaire/carteblanche/83433.html#comments

1 Kommentar:

  1. Wei ignorant kann een sin...
    Do fällt mer alt erem dest Zitat an:

    Seventy-seven percent of anti-abortion leaders are men. 100% of them will never be pregnant.
    Sarah

    AntwortenLöschen

Related Posts Plugin for WordPress, Blogger...